
https://www.instagram.com/turnup_tun/
Den Turnup Tun ( muss ech wierklech säin Numm nach ausschreiwen?) meescht säit ongeféier 2 Méint Live Streams op sengem Instagram wou en spontan iwwert aktuell Themaen mam Chat an och interessanten Guests schwetzt .
Donieft steet den Tun ëmmer erëm fir Lokalen Support an d Opbauen vun der Community an.
Mam #SYLA Movement schéngt en schonn eng gewëssen Well geschloen ze hunn, well den Eldoradio spillt (no endlosem flehen vun der Jugend) endlech Lëtzebuerger Musek Sonndes Owes.
Wann mir schonn bei Sonndes sinn: Dem Turnup seng Live’s sinn ëmmer Spontan am laf vum dag oder Owend, an ëmmer Interessant.
Do ged net nëmmen iwwert Rap geschwat an Eldo gebashed, mee och lokal suergen diskutéiert wei z.B dass den Eric Rolgen verantwortlech ass fir en deel vun der Entwécklung vun der nächster Generatioun.
Fir mech op allen Fall en Highlight um en vun der Woch.