Den Problem mat den Jonken Lenksextremen.
Wann een d’Geschicht an d Aktiounen vun der Däitscher Antifa kuckt, kann een d’Gewalt gutt oder schlecht heeschen.
Mee eppes ass kloer: Sie hunn eer.
Interviews mat Memberen aus dem Ausland wäissen kloer, Sie stiermen Nazi Demoen, soen wei et ass an gin keen féck drop wien Sie triggeren.
Zu Lëtzebuerg hunn mir 2 Dominant Jugendveräiner vun Jonken Lenken:
Antifa LU
Youth for Climate LU
Meeschtens leeft dat eent an dat anert wann een d Memberen esou kuckt.

Den Joe Mersch vun YFC as en Badass an schlauen Aktivist, huet schon mat der PARTEI Demoen begleed an wees wei en et mecht fir weider ze kommen.
Sie hunn schon déi Richteg prinzipien an wärter.
Leider notzen déi Gruppen hiren Numm an populariteit net richteg aus, verweigeren all hëllef vun lenken Aktivisten déi op mannst 5 mei laang dobäi sinn, an wëllen net mat Politiker schwätzen.
Also wann dir mengt dass dir duerch jäitzen an meckeren, en uralen ekonomeschen, juristeschen an Politeschen System an d Anarchie stierzen kennt… dann sid dir méi Arrogant wei ech gemengt hunn.
Politik regéiert nun mol d Land, wann Politiker mat iech schaffen wëllen ass et net en schlauen move “Cis White Male” als Argument ze huelen keng hëllef unzehuelen.
Spillt säit neierem Sexuell orienteierung, Hautfaarf an Geschlecht eng Roll fir bei iech kennen matzemaachen? Dat kennen mir jo vun aneren Faschisteschen beweegungen.
Gid net zu deem wat dir bekämpft, dir wësst ganz genau wann een Iech express misgendered oder iwerhapt gendered.
Nee zu Faschismus: ob Riets oder Lenks.